Team
Racing Fan-Shop
Sponsor
Fotoen
Links
Wëllkomm Trophy 2020 Jackets Sponsoren Albumen Kart Pisten
Piloten Trophy Shirts Don Foto vum Mount Divers
Geschicht Events (Kalenner) Polo-, T-Shirts Sponsor Links Archiv Foto v.Mount Kontakt
A.s.b.l. Resultater Stickers     Gefällt mir
Press Trophy säit 2006 Gadgets   last update   
 
 
Geschicht:

Kart-Sport
Karting kënnt aus Amerika,1950. Den Art Ingels hat als éischten e Motor op e Chassi gebaut. Kanadesch Holzfäller hunn och scho Karten mat Motorseeën- Undriff gebaut. 1957 ass et du lass gaange mat Rennen, 60 woren éischt ofiziell Rennen, an de „Go-Kart Club of America“ ass entstan. US-Zaldoten hunn 58/59 de Kart matt an Europa bruecht. Et ass dobausse gefuer ginn an d’Entwécklung vun de Kartern ass och weider gaang. Mëtt der 90er sin dunn och Indoor Haale gebaut ginn.
 
 
BKS
sinn d'Ufangsbuchstawe vun de Grënner hire Familjenim:
 
  
B
artholmé John
  
Knepper Gérard
  
Schmit Fränz
 
  
   
Foto v.l.:
Fränz Schmit, John Bartholmé, Gérard Knepper
1994
ass "d'Interessegemeinschaft" entstan. Awer schonn 1990 sin dem Gérard K. seng Kanner (Paul an Yves) ganz gut an der Däitscher Slalom Méschterschaft mattgefuer.
 
1995

ass BKS dat éischt Renne bei der "ADAC Kart-Langstrecken Meisterschaft" mat gefuer, an op Plaz 3 gelannt. Dat Joer drop hate se awer vill Pech matt "Einheitsmotoren" an "Disqualifizierungen". Si hu matt den d'ADAC-Rennen opgehal, a si just nach Indoor gefuer.
 
1998
ass et richteg lass gaang mat 24 Stonnen-Rennen zu Augny, Mexy, Talange, Grüfflingen, Bitburg (bei Minus 10°Cel.) 4 an 12 Stonne-Rennen zu Kerpen, Konz, Nürburgring, Namur ...
 
1999
ass just nach de Fränz S. vun de Grënner derbäi. Hie formt lues a lues eng Mannschaft wou och bekannte Nimm vu Piloten optauchen, wéi z.B. Tom Ke., Darren Br., Steve K. oder Jeff Ra. . Verschidde Pilote fueren also vun elo u fir BKS.
 
2000
ass och erëm Outdoor gefuer ginn. Déi éischt Saison am Yamaha-Cup huet gewisen datt de Kart-Motorsport vu Joer zu Joer méi rau gëtt. Trotzdem fiert BKS-Racing ëmmer mat.
 
2004
war erëm vum Pech gezeechent. Vill Motore si geplatzt.
 
2005
gëtt décidéiert Outdoor just nach fir de Spaass ze fueren, a keng Meeschterschafte méi. Drei Piloten trennen sech du vu BKS, well se awer nach Kompetioun fuere wëllen. BKS kritt am August eng nei Home-Page (www.bks-racing.party.lu), wou sou zimlech all Informatioune vun an ëm d'Team drop sinn.
 
2006
BKS ass fir de Moment nach vill am Indoor awer och nach op "Locatioun-Karten" am Outdoor derbäi. Eng BKS-Trophy vun 13 Indoor Rennen am Joer gëtt vum Team organiséirt. Am August 2006 huet BKS-Racing d’Statuten vun enger A.s.b.l. (Association sans but lucratif) kritt, an ass domat elo en offizielle Veräin. A wie wees waat d'Zukunft nach brénge wäert.
 
2006-2016
No 11 Joer BKS-Trophy ouni Paus, muss mam Championnat opgehal ginn, well am Moment net méi genuch Interesséierter matfueren (
ähnlech ergeet et och DF-Karting).
 
2017
BKS-Racing organiséiert elo mat DF-Karting zesummen d'"Luxembourg Kart Trophy" (LKT), eng ähnlech Formel wéi di bekannten BKS-Trophy.